CAFE TERMINUS

Am Joer 2039 brécht de Chaos vun dobaussen an de Café Terminus eran, wou illusoresch Dreem an Debatten vun de Gäscht op d’Prouf gestallt ginn. Eng poetesch a musikalesch Dystopie vum Frank Hoffmann, inspiréiert vum Klassiker The Iceman Cometh.

CAFE TERMINUS

Frank Hoffmann 
Fräi no Motiver vum Eugene O’Neill
E Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht
Reprise

25.01 – 14.02.25
TNL 

Et ass Krich. Oder Kris. Op alle Fall gëtt et Problemer zu Lëtzebuerg. D’Situatioun huet sech esou zougespëtzt, dass e puer komesch Leit sech an en alen, liicht delabréierte Café, de Café Terminus, zréckgezunn hunn, aus Angscht virum Dobaussen, aus Angscht virun der Zukunft.

​Mir sinn am Joer 2039. Lëtzebuerg feiert seng 200 Joer Onofhängegkeet trotz dem Chaos, deen op de Stroossen herrscht. D’Gäscht vum Café Terminus feieren awer net mat. Si liewen an hiren Dreem, an hiren Illusiounen, diskutéieren, debattéieren, streiden, laachen an drénke méi, wéi erlaabt ass. Dës kleng, protegéiert Welt kënnt op deem Dag un d’Wackelen, wou den Hary, Patron vum Bistro, säi ronne Gebuertsdag feiert. Alles ass op eemol anescht, de Krich oder d’Kris, déi bis elo jüst dobausse waren, brieche mat vollem Karacho an de Café Terminus eran…

Mat Café Terminus huet de Frank Hoffmann eng poetesch Dystopie vun eisem Land entworf. Den Text verschafft op eng fräi Manéier Motiver aus dem Stéck The Iceman Cometh vum amerikaneschen Dramatiker Eugene O’Neill. Café Terminus, e Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht, ass mat wonnerbare Schauspiller a Musiker besat.

Op e neits! Fir all déi, déi an den zwee leschte Joeren keng Plaz am Café Terminus kruten, geet de Café nach eng Kéier an der neier Saison op. Mat neiem Glanz a mat den ale Lidder.

Mat Felix Adams, Marc Baum, François Camus, Esther Gaspart-Michels, Maria Gräfe, Nora Koenig, Hana Sofia Lopes, Marco Lorenzini, René Nuss, Adrien Papritz, Philippe Thelen, Serge Tonnar

Text a Regie Frank Hoffmann
Dramaturgie an Textmataarbecht Florian Hirsch
Bün a Kostümer Jasna Bosnjak
Soundeffekter René Nuss
Lucht Daniel Sestak
Regieassistenz Jacques Schiltz, Pauline Cano
Mask Joël Seiller, Meva Zabun

Produktioun Théâtre National du Luxembourg
Koproduktioun CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbrück

+INFOS 
03/01/2025