Eng aussergewéinlech Frëndschaft tëscht Land an Mier...D’Geschicht vun engem Jong an engem Meedchen, déi trotz hirer ënnerschiddlecher Welt duerch Virwëtz a Frëndschaft zesummekommen, inspiréiert aus dem éischte Kannerbuch vun der portugisescher Schrëftstellerin Sophia de Mello Breyner Andresen.
Dat klengt Mädchen aus dem Mier
05.+09.01
Ariston, Esch
A Menina do Mar ass dat éischt Kannerbuch, dat déi bekannt portugisesch Schrëftstellerin Sophia de Mello Breyner Andresen 1958 geschriwwen huet. Dëst Märchen erzielt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft tëscht engem Jong, deen um Land wunnt, an engem Meedchen, dat am Mier lieft. De Virwëtz vun deenen zwee Kanner erméiglecht et hinnen, trotz hirer Verschiddenheet, deem aneren seng Welt kennen an acceptéieren ze léieren. D’Meedche léiert wat et heescht, eppes ze begieren, a wat Frëndschaft a Freed ass; de Jong ass averstanen, seng Welt opzeginn a mam Meedchen um Mieresbuedem ze liewen.
Librement adapté du livre jeunesse La petite fille de la mer de Sophia de Mello Breyner Andresen, éd. de la Différence, 1994
Avec Pitt Simon, Magaly Teixeira
Adaptation et mise en scène Rita Bento dos Reis
Assistante à la mise en scène Claire Wagener
Collaboration artistique Isabel Bento dos Reis
Scénographie et costumes Peggy Wurth
Création sonore et montage vidéo Marguerite Le Bourgeois
Animation vidéo Lemur Stop Motion Studio du Lycée Ermesinde
Crédit photo Patrick Galbats
Production Escher Theater Coproduction La Compagnie du Grand Boube ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Soutien financier Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg